Arno Strobel

Arno Strobel
Gebuer 18. August 1962
Saarlouis
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Schrëftsteller, Kannerbuchauteur

Den Arno Strobel, gebuer den 18. August 1962 zu Saarlouis ass en däitsche Schrëftsteller.

No der Schoul an enger Handwierksausbildung huet de Strobel Informatiounstechnologie studéiert, a schafft an deem Beräich fir eng Bank zu Lëtzebuerg.

Mam Schreiwen huet de Strobel spéit ugefaangen, fir d'éischt huet hien ënner d'Pseudonymen um Internet Kuerzgeschichte publizéiert. Du koum säin éischte Roman Magus - Die Bruderschaft Enn 2005 am Verlag Addita eraus, an am November 2007 am dtv am Täschebuchformat.

Den Arno Strobel huet op de Walfer Bicherdeeg den 18. an den 19. November 2006 eng Liesung aus sengem Wierk gehalen.


From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Tubidy